Pourte Ouverte an der Spillschoul
Den 11.07.2024 kënnen d’Kanner, déi ab September an d’Spillschoul ginn mat hiren Elteren op d’Porte Ouverte vum Cycle 1 kommen. Esou kënnt dir de Sall, d’Joffer a Schoulkomerode kenneléieren. Vu 17h30 bis 18h00 sinn d’Joffere fir Iech do a beäntwerten är Froen. Eng super Virbereedung fir e spannenden, neien Ufank am September! PO Spillschoul
Science Mobil
De Science Mobil kënnt vum 11.06.-21.06.24 bei eis an d’Schoul vir de Cycle 3 a Cycle 4, dëst mam Thema « Einblick in die Evolution ». Duerch fuerschend Aktivitéite kréien si en Abléck an d’Theme vun der DNA, den Déierenaarten an der Evolutioun vun de Liewewiesen.
Sportsdag Cycle 3
De Cycle 3 organiséiert en Donneschdeg de 23.Mee am Kader vun der Schoul-Sport-Woch verschidde Beweegungsatelieren: Volleyball, Fussball, Tennis, Dëschtennis a Rolzen. Hei stinn d’Beweegung, den Ekippegeescht, d’Freed un der Beweegung, d’Sensibiliséierung an d’Gesondheet vun de Kanner am Vierdergrond.
Sportsdag Cycle 2
E Freideg de 24.Mee geet de Cycle 2 am Kader vun der Schoul-Sport-Woch Vëlo fueren. Esou ginn ënner anerem d’Beweegung an der Natur, den Zesummenhalt als Grupp an d’Gesondheet vun de Kanner gefërdert. Mir freeën eis op eng aktiv Sortie!
Grouss Botz
De Cycle 2 an 3 organiséieren am Kader vun der « grousser Botz » zu Bartreng eegen Initiativen. De Cycle 2 huet ronderem d’Schoul gebotzt, vum Cycle 3 botzt no der Ouschtervakanz all Woch eng aner Klass den Haff. Esou ginn d’Kanner sensibiliséiert Dreck net um Buedem léien ze loossen an op hir Saachen (Broutkëschten, Jacketten, asw.)…
Schoulcharta aktiv liewen
Fir eis Schoulcharta hunn d’Kanner Plakater gemaach. Am Ufank vum Joer hunn si all d’Charta ënnerschriwwen a maache reegelméisseg Aktivitéiten zu de verschiddenen Themen, fir dës och aktiv ze liewen. D’Charta fannt dir hei um Site ënnert « Informatiounen ».
Rentrée de 15.September 2023
Mir freeën eis, Iech Freides de 15.September erëm erholl a monter ze gesinn, an zesummen e spannend neit Schouljoer ze erliewen. Mir wënschen Iech all e gudde Start!
Schoulvakanz de 15.Juli 2023
Samschdes, de 15.Juli fänkt d’Summervakanz un. Eng Zäit fir sech opzelueden a mat Famill a Frënn ze genéissen. Mer wënschen iech all ee schéine Summer a vill Spaass an der Vakanz! De Kanner vum Cycle 4.2. wënsche mir eng gutt Zäit a vill Erfolleg am Lycée.
Schoulfest de 14.Juli ab 16h00
Mir invitéieren iech häerzlech op eis Schoulfest virun der Summervakanz! Feiert mat eis zesummen de Schluss vum Schouljoer. Iessen, Gedrénks, Spiller a gutt Ambiance si virgesinn. Mir freeën eis op äre Besuch an op eng flott Feier. Dir wëllt beim Schoulfest hëllefen? Mellt Iech gäre virum 30 Juni hei un.