Wanterconcert
De Cycle 2 invitéiert häerzlech op hire Wanterconcert den 18. Dezember um 18.00 an der Bartrenger Kierch!
Liesnuecht
Eng spannend Liesnuecht am Cycle 2 D’Kanner aus dem Cycle 2 hunn e ganz besonneschen Owend an der Schoul verbruecht: eng Liesnuecht! An enger gemittlecher Atmosphär hunn si sech am Schlofsaal mat hire Frënn an de Schlofsäck ageriicht an en Owend voller Geschichten a Spaass erlieft. Nodeems zesummen am Klassesall giess gouf, koumen och d’Elteren…
Visitt Science Center
Op Entdeckungsrees an d’Welt vun der Elektrizitéit! D’Kanner aus dem Cycle 2.2 haten eng spannend Visitt am Science Center, wou si sech mat der faszinéierender Welt vun der Elektrizitéit beschäftegt hunn. Si hunn geléiert, wéi d’Cage de Faraday funktionéiert a wéi se eis virun engem Blëtz schützt. Duerch spannend Experimenter konnten si entdecken, wéi elektrostatesch…
Schoulgaart
D´Kanner aus dem Cycle 2.2 hunn emseg am Schoulgaart geschafft. Sie konnte vun der Recolte profitéieren, Ier sie zesumme mam Gäertner Guy vun der Sicona de Gaart prett fir de Wanter gemaach hunn. Nieft enger leckerer Geméiszopp aus Poretten, Zelleri a Muerten hu si och Gromperen iwwert dem Feier gekacht! Wat e Genoss!
Don fir « Action pour un Monde Uni »
De Beiestack huet Sue gesammelt am Kader vun engem Chrëschtmaart. Vir de Chrëschtmaart si Saache gebastelt gi vun de Schüler an et ass Kuch a Gedrénks verkaaft ginn. D’Suen (3674€) sinn un d’ONG « Action pour un Monde Uni » gaangen.
Merci!
Léif Elteren, Mir soen iech villmools Merci fir är Ënnerstëtzung um Chrëschtmaart. Mat ärer Hëllef konnte mir en Don vun 3674,53 € un « Action pour un Monde Uni – Instituto Mundo Libre » maachen. Villmools Merci! D’Léierpersonal aus dem Beiestack
Chrëschtmaart am Beiestack
D’Chrëschtzäit fänkt un a mir invitéieren Iech häerzlech op eise Schoul-Chrëschtmaart am Beiestack, de Mëttwoch, den 29.11. vu 17h00 un. Kommt fir eng festlech Zäit mat Stänn vun eise Schüler.
Schoulgaart am Cycle 2
Eise Schoulgaart ass eng besonnesch Plaz fir ze léieren. All Freiden am Hierscht an am Fréijoer kënnt de Guy vum Sicona bei eis an de Gaart fir mat de Kanner ze schaffen. Esou léieren si de Prozess vum Séine bis zur Recolte kënnen. Si versti Prozesser vun der Natur, wat ee kann zu Lëtzebuerg planzen…