Aus dem Buedem op den Teller

D’Klasse vun der Joffer Stéphanie an der Joffer Liz hunn d´läscht Woch d’Schoulbänk géint hier Gummisstiwwele getosch. Si sinn op de Bauerenhaff „A Schmatten“ gefuer. Um Haff goufen d’Kanner häerzlech empfaangen. Mat Hänn, Spuet a vill Energie hunn d’Schüler a Schülerinne Grompere geraf.

Duerno ass et direkt weider an d´Kiche gaang. D´Knolle goufe geschielt a gerappt, mat Miel, Eeër Salz a Peffer gemëscht an duerno mat vill Léift an der Pan gebroden.  Zum Schluss hunn all d´Kanner zesummen hier Gromperekichelcher giess a si sat an zefridden heemgaangen.

Katégorie: