Halloween Atelier

Fir d’Freed um Liesen ze fërderen, haten d’Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4 d’Méiglechkeet, un enger Rei vu Liesen- a Logik-Atelieren zum d’Thema Halloween deelzehuelen. Am Laf vum Moien hunn si verschidde Methode vum Liesen duerch ureegend a spilleresch Aktivitéiten entdeckt. Dës interaktiv Atelieren hunn et de Schülerinnen a Schüler erméiglecht, an d’Halloween-Welt anzetauchen an hir Lieskompetenzen ze entwéckelen. Als Ofschloss vun den Atelieren hunn d’Schülerinnen a Schüler spannend a grujeleg Geschichten erstallt, déi hir onbegrenzte Fantasie gewisen hunn.

 


Illustratiounen: Kate Hadfield
Katégorie: ,