Aus dem Gaart op den Teller

Am Schoulgaart waren d´Kanner aus dem C2.2 mat vill Freed a voller Energie am Asaz! Mir hunn d’Gromperen aus dem Buedem geholl, frësch Tomaten an dat lescht Geméis aus dem Gaart gepléckt. Dobäi hu mir d’Nimm vun de verschiddene Geméiszorten nach eng Kéier widderholl an eist Wëssen op eng praktesch Aart a Weis verdéift.

Mee domat war den Dag nach net eriwwer! Aus dem frësche Geméis hu mir zesummen eng lecker Zopp gekacht. D’Grompere goufen um Feier gemaach. Dobäi gesinn a schmaachen d´Kanner direkt, wat aus hirer Aarbecht entsteet. Zum Schluss hu mir nach eng Kéier zesummen ugepaakt an eise Schoulgaart prett fir de Wanter gemaach.

Katégorie: ,