Tolles Buch!
Am Kader vun den Aktivitéite vun eiser Schoulbibliothéik haten d’Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 2, 3 a 4 d’Geleeënheet, un enger besonnescher Virliesung deelzehuelen. D’ Tina Kemnitz huet d’Kanner mat op eng spannend Rees duerch d’Welt vun de Kannerbicher geholl.
Tina engagéiert sech zanter ville Jore fir d’Liesfërderung. Am Joer 2007 huet si TOLLES BUCH! gegrënnt, fir Kanner a Jugendlecher fir Bicher ze begeeschteren an hir Freed um Liesen ze stäerken. Mat hire Lies-Shows erreecht si mëttlerweil all Joer méi wéi 30.000 Schülerinnen a Schüler.
Bei eis an der Schoul huet si aus verschiddene Bicher virgelies. Duerno konnten d’Schülerinnen a Schüler ofstëmmen, wéi ee Buch hinnen am beschte gefall huet.
Mee domat ass d’Lieserfarung nach net eriwwer: No der Vakanz wäerten déi ausgewielte Bicher an eiser Schoulbibliothéik ze fannen sinn. Sou kënnen d’Kanner hir Lieblingsgeschichten selwer entdecken a ganz liesen.
Dës flott Aktivitéit huet de Kanner net nëmmen nei Bicher méi no bruecht, mee och gewisen, wéi spannend a villfälteg d’Welt vun de Geschichten ass.
E grousse Merci un d’Tina Kemnitz fir dës inspiréierend Liesmomenter an un all déi, déi dës flott Aktivitéit méiglech gemaach hunn!
