D’APECB invitéiert op hir Generalversammlung
D’Association des Parents d’Élèves de la Commune de Bertrange (APECB) invitéiert all d’Eltere ganz häerzlech op hir Generalversammlung den 12. Oktober 2026 um 20:00 Auer an der Maison Schauwenburg um 2. Stack.
D’APECB ass eng Associatioun vu fräiwëllegen Elteren, deenen hir Kanner zu Bartreng vum Précoce bis an de Cycle 4 an d’Schoul ginn. D’Zil vun der Associatioun ass et, d’Zesummeliewen an d’Frëndschaften tëscht de Kanner ze stäerken an och de Kontakt an den Austausch tëscht den Elteren ze fërderen. Dofir organiséiert d’APECB am Laf vum Joer verschidden Aktivitéiten, wéi de Kanner Secondhand Maart, d’Schoulfest, e Stand um Wantermaart an aner punktuell Aktivitéiten.
Op der Generalversammlung ginn ënner anerem den Aktivitéitsrapport, de Rapport vum Tresorier an d’Konte presentéiert. Och d’Wiel vun neie Membere steet um Ordre du jour. Nom offiziellen Deel offréiert d’APECB e Patt an invitéiert op e gemittlechen Austausch.
Nei Memberen a fräiwëlleg Helfer sinn ëmmer wëllkomm. D’Jorescotisatioun ass 10 €. Weider Informatioune ginn et iwwer APEC Bertrange.

