Rentrée 2026 – 2027
D’Bläistëfter si gespëtzt, d’Klassesäll si mat vill Léift dekoréiert an d’Schoulsäck sti prett, fir gefëllt ze ginn: Dat neit Schouljoer steet virun der Dier!
No enger verdéngter Vakanz wäerten d’Gäng an d’Klassesäll vun de Bartrenger Schoule geschwënn nees mat Liewe gefëllt sinn. Déi 61 Léierpersounen an déi véier Educateure si prett, fir déi 603 Kanner ze begréissen an si duerch dat neit Schouljoer ze begleeden.
Zesumme freeë mir eis op e Joer voller Entdeckungen, Léieren, Laachen, Aventuren a schéine gemeinsame Momenter.
D’Zesummenaarbecht tëschent der Schoul an de Famillje spillt eng wichteg Roll fir den Erfolleg an d’Wuelbefanne vun de Kanner. Eis Internetsäit bleift dofir déi éischt Ulafstell fir d’Elteren a bëndelt all wichteg Informatiounen iwwer d’Schoulliewen. Hei fannt Dir ënner anerem d’Formulairë fir Demande fir aussergewéinlech Absencen, souwéi d’Kontaktdonnéeë vun den Elterevertrieder an de Coordinateurs de cycle.
Mir wënschen alle Kanner, den Elteren an dem ganze Personal e gudde Start an dat neit Schouljoer.