Art à l´école
ART À L’ÉCOLE – Wat ass dat?
D’Associatioun ART À L’ÉCOLE gouf am Joer 1911 gegrënnt. Si huet als Zil, de kreative Geescht, d’kënschtleresch Sensibilitéit an den ästhetesche Sënn bei de Kanner ze fërderen. Si organiséiert Konschtateliere fir d’Schülerinnen a Schüler aus dem Fondamental.
ART À L’ECOLE – U ween riichten sech des Atelieren?
D’Ateliere vun ART À L’ÉCOLE fannen an der Schoul „Beim Schlass“ all Samschdeg vun 10.00 bis 12.00 Auer statt, vun Ufank Oktober bis Enn Juni (ausser an de Schoulvakanzen). D’Coursen si fir d’Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3.1 bis 4.1 geduecht.
D’Zuel vun de Plazen ass op 12 Kanner limitéiert.
Wéi kann een sech umellen?
D’Umeldung geschitt iwwer de Link hei drënner. Eng Confirmatiouns-E-Mail gëtt un d’Eltere geschéckt. D’Umeldung ass eréischt definitiv, wann d’Cotisatioun vu 50 € pro Kand agaangen ass.