E schéine Bonjour

 D’Kanner aus dem Cycle 4 hunn eng ganz spannend an onvergiesslech Woch un der belscher Plage verbruecht.

D´Kanner hunn immens vill Zäit dobausse verbruecht. Nieft Sandschlässer bauen a Minigolf spillen hunn si vill vun der schéiner Natur profitéiert.

Besonnesch interessant war awer de Besuch bei der Seehund-Rettung. Do hunn d’Schüler vill Neies iwwer d’Liewe vun de Seehënn geléiert an erausfonnt, wéi verletzten oder kranken Déiere gehollef gëtt. D’Kanner ware ganz begeeschtert an hu vill Froe gestallt.

En aneren Héichpunkt war d’Besichtegung vum bekannte Mercator-Schëff zu Oostende. D’Kanner konnten entdecken, wéi d’Séifuerer fréier gelieft a geschafft hunn. Dat imposant Schëff huet bei ville fir grouss Bewonnerung gesuergt.

Dës Kolonie wäert sécher nach laang an Erënnerung bleiwen.

 

Katégorie: ,