Virliesconcours 2026
Am Zyklus 4 hunn all d’Kanner an hire Klassen intensiv d’Virliesen geüübt fir kënnen um nationale Virliesconcours deelzehuelen. Aus all Klass gouf dunn e Klassengewënner oder Gewënnerinnen nominéiert.
Dës hu sech e Freideg an der Arca virun der ganzer Schoul presentéiert a mat flotten Texter op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch begeeschtert.
Eng Jury aus Kanner a Léierpersounen huet sech duerno zesummegesat a sech op eng Gewënnerin gëeenegt: d’Sophie aus der Klass4.1. D’Julie Thommes ass domat eis Schoulgewënnerin.
Hatt wäert elo an de nächste Ronne géint Kanner aus eiser Regioun untrieden. Mir wënschen him vill Erfolleg a vill Free bei dëser Challenge.
