Virliesconcours 2026

Am Zyklus 4 hunn all d’Kanner an hire Klassen intensiv d’Virliesen geüübt fir kënnen um nationale Virliesconcours deelzehuelen. Aus all Klass gouf dunn e Klassengewënner oder Gewënnerinnen nominéiert.

Dës hu sech e Freideg an der Arca virun der ganzer Schoul presentéiert a mat flotten Texter op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch begeeschtert.

Eng Jury aus Kanner a Léierpersounen huet sech duerno zesummegesat a sech op eng Gewënnerin gëeenegt: d’Sophie aus der Klass4.1. D’Julie Thommes ass domat eis Schoulgewënnerin.

Hatt wäert elo an de nächste Ronne géint Kanner aus eiser Regioun untrieden. Mir wënschen him vill Erfolleg a vill Free bei dëser Challenge.

 

 

Katégorie: ,