Schoulfest 2025

 E Freideg war et erëm souwäit: D’APECB huet hiert wéi all Joer d´Schoulfest am Duerfgaart organiséiert. Nieft de villen Iessen- a Gedrénksstänn goufen et och vill flott Aktivitéite fir d’Kanner.

D’APECB ass eng Grupp vu benevollen Elteren. Am Laf vum Joer organiséiert d’APECB verschidden extraschoulesch Aktivitéiten an der Gemeng Bartreng, fir d’Frëndschaften tëscht de Kanner ze stäerken an och fir dass d´Elteren sech ënnertenee besser kenneléieren.

E besonneschen Highlight war de Concert vun de Kanner aus dem Cycle 3. Si hunn d’Lidder, déi si d’ganzt Joer iwwer  geübt haten, op der Bün presentéiert.

Donieft gouf et och d’Final vum Molconcours vum Cycle 4 zum Thema: Mai Draamschoulhaff. D’Visiteuren haten d’Méiglechkeet, mat Sticker hiert Liblingsbild aus de Finalisten ze wielen.

Um Enn huet d´ Moa Braun den éischte Präis gewonnen, an Emma Cagnati huet déi verdéngten zweete Platz kritt.

E ganz grousse Merci geet un d’APECB an un all déi vill Benevollen, déi dëst Fest iwwerhaapt méiglech gemaach hunn!

 

Katégorie: