Kleng Oueren, grouss Geschichten
An der Chrëschtzäit war et besonnesch gemittlech an der Spillschoul: D’Kanner aus dem Cycle 3 waren op Besuch, fir de Spillschoulskanner Chrëschtdagsgeschichte virzeliesen. Mat vill Engagement, Gedold a Freed hunn si hir Roll als Virlieserinnen a Virlieser eescht geholl. Si hunn ënnert anerem Ein ganz besonderes Weihnachtseschenk, e Schnuddelhong fir Chrëschtdag a le mystérieux petit hérisson virgeliess.
Déi méi jonk Kanner hunn opmierksam nogelauschtert, Froe gestallt an déi gemeinsam Zäit genoss. Fir béid Säite war et eng flott Erfarung: Déi Grouss konnte Verantwortung iwwerhuelen, an déi Kleng sinn an d’Welt vun de Chrëschtdagsgeschichten agedaucht.
Sou Begéinunge stäerken net nëmmen d’Lieskompetenz, mee och d’Zesummeliewen tëscht de Cyclen.
