Grouss Botz
De Cycle 2 an 3 organiséieren am Kader vun der « grousser Botz » zu Bartreng eegen Initiativen. De Cycle 2 huet ronderem d’Schoul gebotzt, vum Cycle 3 botzt no der Ouschtervakanz all Woch eng aner Klass den Haff. Esou ginn d’Kanner sensibiliséiert Dreck net um Buedem léien ze loossen an op hir Saachen (Broutkëschten, Jacketten, asw.) opzepassen.


