Eis Schoulcharta
An eiser Schoul ass d´Schoulcharta méi wéi just e Blat Pabeier. Si ass e Verspriechen, dat all Kand ënnerschreift an aktiv am Alldag lieft.
Eis wichtegst Wäerter sinn:
Respekt: Mir si léif a manéierlech mateneen a respektéieren och materiell Objeten.
Engagement: Mir komme pünktlech a virbereet an d´Schoul a ginn all Dag eist Bescht.
Toleranz: Jiddereen däerf si wéi en ass an däerf seng eege Meenung hunn. Mir begéinen eis mat Respekt.
Kommunikatioun: Mir schwätzen oppen a respektvoll op Lëtzebuergesch mateneen a lauschteren eisem Géigeniwwer no.
Dës Wäerter droen eis Schoulgemeinschaft, um Pausenhaff, am Klassesall, beim Sport, am SEA an a Projeten. Sou gëtt eis Schoul zu enger Plaz, wou jidderee sech wuel fillt a wou mir zesumme kënne wuessen.
